Burnout- an
Stress-Präventioun

Stresseg Situatioune gehéieren zu eisem Liewen dozou. Wann awer konstante Stress onzefridden a krank mécht, ass et wichteg eppes ze ënnerhuelen. Stress dee krank mëscht, kann eben zum Beispill e Burnout provozéieren. Net all Mënsch geet mat Stress gläichermoossen ëm an net bei all Mënsch entwéckelt e Burnout sech d’selwecht. Dowéinst ass eng individuell Ënnerstëtzung besonnesch wichteg fir nei, individuell an ugepasste Strategien ze entwéckelen déi zu méi Balance am Liewe féieren.

/ Fir Erwuessener ab 18 Joer

/ Am privaten an berufflechen Kontext

/ Burnout- an Stresspräventioun

/ Stresssituatiounen léieren ze erkennen an ze vermeiden

/ Ressourcen an Kompetenzen opbauen

/ Praxis- an léisungsorientéiert

/ Individuell ugepassten Coaching

/ Vertrauensvoll Gespréicher an absolutter Diskretioun

/ Sitzungen tëscht 60-90 Minutten

Konferenz

Burnout-Präventioun

Präventioun ass an éischter Linn Opklärung. Réischt wann Dir verstitt wat Burnout ass a wéi Burnout entsteet, kann Präventioun entstoen.

Dofir bidden ech Konferenzen unn fir Equippen/Firmen mam Thema “Burnout- an Stresspräventioun”.

Kontaktéiert mech ganz onverbindlech per Telefon oder Email fir weider Informatiounen.

Ein neues Leben kann man nicht anfangen, aber täglich einen neuen Tag.

Henry David Thoreau

Weider Detailer

An der Aarbechtswelt kënnt Burnout an all Beräicher fir. Oft ass Burnout op d’Funktioun vum Manager bezunn ginn. Et ass awer mëttlerweil gewosst, datt all Beruffssparten an Positiounen betraff kënne sinn. An ënner Beruff zielen och onbezuelten Aufgaben wéi Hausfra/-mann, Kannerbetreiung, Fleeg vun den Elteren, ...

Esou individuell wéi d’Leit an hiert Ëmfeld sinn, esou individuell ass och Burnout-Coaching. Et gëtt net déi eng Léisung déi fir jiddereen funktionéiert.

Aus dem Grond ass eng professionell an individuell Ënnerstëtzung sënnvoll, fir datt all Mënsch fir sech seng eegen Léisungen passend zu senger Situatioun kann fannen.

Burnout-Coaching

Burnout-Coaching besteet zum engem aus Präventioun an Opklärung an zum aneren aus direkter Hëllefsstellung an Ënnerstëtzung am Fall vun engem Burnout. Do kann et och sinn, datt parallel zum Coaching aner Interventiounen op medezineschem oder psychologeschem Niveau néideg sinn.

Stress-Präventioun

E groussen Faktor beim Burnout, ass dee permanenten, omnipresenten Stress. Wat wéini als Stress empfonnt gëtt, hänkt vun Mënsch zu Mënsch of. Am Coaching gëtt gekuckt, wou Dir Stress erlieft fir kënnen genau do och Léisungen ze fannen.

Burnout hutt vill verschidden Gesiichter

D’Symptomer vum Burnout sinn individuell ganz verschidden. Symptomer déi heefeg an iwwer länger Zäit virkommen kënne, sinn zum Beispill:

Konstant Middegkeet, Erschëpfung, Konzentratiouns- an Gediechtnesprobleemer, Niddergeschloënheet, Nervositéit, Angscht, Traueregkeet, onkontrolléiert Gefillsausbréch, Kappwéi, Réckewéi, Verdauungsproblemer, Migränen, Schlofstéierungen, Schwindel, Gewiichtsverloscht oder Gewiichtszounam, …

Net all Burnout-Client hutt déi selwecht Symptomer an och net all Client hutt déi selwecht Kombinatioun an Unzuel vun Symptomer. Mä bei engem Burnout-Client kommen an der Reegel méi Symptomer gläichzäiteg fir.

Burnout kënnt schläichend

Vill Symptomer ginn ze laang ignoréiert an als “normal” ugesinn. Mat der Zäit summéieren déi Symptomer sech awer a ginn méi heefeg an méi hefteg. Dat mëscht krank.

Nieft den Krankheetsbiller déi duerch Burnout kënnen entstoen, ass et virun allem wichteg och präzis no den Ursaachen vum Burnout ze sichen. All Mënsch ass ganz eegen, an dofir ass och all Burnout eegen. Am Coaching ginn dowéinst ganz individuell Usätz an Strategien entwéckelt fir de Burnout an de Grëff ze kréien. Duerch e Coaching léiert e Klient sech selwer besser kennen a kann deementspriechend och besser op säin Ëmfeld reagéieren. Ginn d’Ursaachen ignoréiert an gëtt um Liewensstil näischt geännert, wäerten d’Symptomer och logescherweis ëmmer rëm nees optauchen.

Sech ze informéieren schued näischt

Déi opgezielten Symptomer mussen net onbedéngt heeschen, datt Dir an engem Burnout sidd. Wann Dir awer am Gefill hutt, datt Dir kéint betraff sinn, dann informéiert Iech. Sech informéieren kascht näischt an Dir wësst méi konkret wou Dir dru sidd.

Kontaktéiert mech iwwer Telefon oder Email.

Wéivill Symptomer erkenn Dir bei Iech?

Kierperlech Symptomer

/ Kappwéi

/ Réckewéi

/ Schlofstéierungen

/ Migränen

/ Verdauungsproblemer

/ Gewiichtsverloscht

/ Gewiichtszounam

Mental Symptomer

/ Konstant Middegkeet

/ Konzentratiounsprobleemer

/ Gediechtnesprobleemer

/ Niddergeschloënheet

/ Trauregkeet

/ Angscht

/ Wutausbréch

Wann Dir esou Symptomer bei Iech feststellt, da KANN et sinn, datt et Symptomer vun engem Burnout sinn, et MUSS AWER NET sinn.

Loosst dofir am Zweiwel ofkläre
wou Dir stitt!