Breathwork -
Otmen nei leiren

Mam éischten Otemzoch fänkt eist Liewen un.
Breathwork, also Otemarbecht, ass an zwee grouss Voleeë gedeelt:
1. Funktionell Otemtechniken
2. Transformational Breathwork Journeys

1. Funktionell Otemtechniken

Mir kommen mat engem Otemapparat op d'Welt den dofir ausgeluecht ass, eis an éischter Linn um Liewen ze halen. Mä et geet jo am Liewen net nëmmen drëms, ze iwwerliewen mä ze liewen, eist Liewen ze schätzen an ze genéissen. Am Alldag si mir eis eises Otems oft net bewosst, mä vill vun eis, hunn sech en ongesond Otemmuster ugewinnt, wat ka mat sech bréngen, datt mir midd, onzefridde a krank sinn. Dat heescht, en ongesond Otemmuster wierkt sech aus op eise Kierper, eis Gedanken an eis Gefiller.

Mä dat gutt dorunner ass - Dir kënnt nees léieren an e gesond Otemmuster ze fannen.

  • Dir léiert Ären Otem bewosst anzesetzen an e gesond Otemmuster ze entwéckelen.

  • Dir léiert Otemtechniken, déi Dir iwwer den Dag kënnt asetze fir zu bestëmmten Effekter ze féieren: méi roueg an e Meeting ragoen, méi Konzentratioun bei Projeeën, bessere Schlof, ... Et ginn esou vill Méiglechkeeten.

Ären Otem huet Dir ëmmer dobäi. Et kascht Iech guer näischt ausser et emol ze léieren an dann drunzebleiwen.

2. Transformational Breathwork Journeys

Dës Sessiounen vun 1,5-2 Stonnen ginn iwwer den gewinntenen Otmen raus. Dir otemt an enger spezieller Otemtechnik mam Zil, emotional a gedanklech Blockaden an Ärem Ënnerbewosstsinn ze léisen. Dir kritt Zougang zu Informatiounen déi gespeichert sinn an Ärem Kierper, an Ären Zellen, Saachen denen Dir Iech bewosst sitt oder och net. Al belaaschtend Geschichten, gespäichert traumatesch Erliefnisser, negativ Gedanken,… schaff Dir selwer op iwwer de Wee vum Otem.

Ären Otem féiert Iech duerch dee ganze Prozess. Dobäi gitt Dir de ganzen Zäit vu mir geleet a begleet.

Ech kann Iech wierklech empfeelen esou eng Sessioun matzemaachen. Dir kommt a Gefillszoustänn, déi Dir vläit nach nie erlieft hutt an déi immens schéin an erléisend sinn. Des Aarbecht hutt folgend Virdeeler:

  • Méi Zefriddenheet

  • Méi Rou

  • Méi Mutt am Liewen

  • Nohalteg

  • Méi Selbstvertrauen

  • Méi gesond

  • Méi ausgeglach…

Umeldung fir Newsletter Breathwork

Schéckt mir wgl. en Email mam Vermierk, datt Dir d’Newsletter wëllt geschéckt kréien.
Des Newsletter enthällt Datumer fir déi nächst Gruppesessiounen oder geplangten Workshops a kënnt an der Regel just emol de Mount.

Mat all Otemzoch beafloss Dir DIREKT Äre Nervesystem. Dir kënnt Ären Otem bewosst zu Ärem Virdeel notzen. E gesond Otemmuster a geziilten Asaz vun Otemtechniken droen dozou bäi, fir méi roueg a geloossen am Alldag ze sinn, méi gesond a fit ze sinn, méi ausdauernd… Et gi vill positiv Auswierkungen déi mëttlerweil wëssenschaftlech beluecht sinn.

/ Coaching a Breathwork kombinéiert fir méi Erfolleg

/ Am privaten a beruffleche Kontext

/ Praktesch Tipps fir den Alldag

/ Fir all Liewenssituatiounen an Liewensphasen

/ Eenzel- oder Gruppesëtzungen

/ Online an/oder a Presens

Transformational Breathwork Journeys
Nächst Terminer fir Gruppesessiounen

Mee

SPECIAL EVENT MEE

Samsdes, 11. Mee, 09:00 / SPECIAL EVENT Yoga & Breathwork
Workshop mam Joyce Serres (joy.yoga) & Nicole Goetz
Detailer weider ënnen op dëser Säit.
Umeldung per Email mam Vermierk „Yoga & Breathwork“

Journey Mee Nr. 01

Mëttwoch, 22. Mee, 18:30: LADIES SPECIAL Erwächen vun der Urkraaft an dir 
Zu Jonglënster / Dauer: 1,5 Stonnen / Klénge Grupp (Max 5 Persounen) / 90€
Umeldung per Email mam Vermierk „Journey Mee Nr. 01

Juni

Journey Juni Nr. 01

Samsdes, 08. Juni, 10:00: Anti Stress & Angscht
Zu Jonglënster / Dauer: 1,5 Stonnen / Max 5 Persounen / Präis: 90€
Umeldung per Email mam Vermierk „Journey Juni Nr. 01

Journey Juni Nr. 02

Samsdes, 15. Juni, 10:00: Anti Stress & Angscht
Zu Jonglënster / Dauer: 1,5 Stonnen / Max 5 Persounen / Präis: 90€
Umeldung per Email 
mam Vermierk „Journey Juni Nr. 02

Journey Juni Nr. 03

Méinden, 17. Juni, 18:30: Kraaft duerch ënnerlech Rou
Zu Jonglënster / Dauer: 1,5 Stonnen / Max 5 Persounen / Präis: 90€
Umeldung per Email mam Vermierk „Journey Juni Nr. 03

SPECIAL EVENT JUNI

Samsdes, 22. Juni, 09:15: SPECIAL EVENT Yoga & Breathwork
Workshop mam Joyce Serres (joy.yoga) & Nicole Goetz
Detailer weider ënnen op dëser Säit.
Umeldung per Email mam Vermierk „Yoga & Breathwork“

Journey Juni Nr. 04 – Ladies special

Samsdes, 29. Juni, 10:00: Erwächen vun der Uerkraaft an dir
Zu Jonglënster / Dauer: 1,5 Stonnen / Max 5 Persounen / Präis: 90€
Umeldung per Email mam Vermierk „Journey Juni Nr. 04

Gruppepräisser
Präis fir 1 Journey: 90€
Präis fir en 2er-Package: 2 Journeys: 162€ (anstatt 180€)
Präis fir en 3er-Package: 3 Journeys: 230€ (anstatt 270€)
Präis fir en 4er-Package: 4 Journeys: 288€ (anstatt 360€)

Umeldung per Email mam Vermierk „Journey Juni Nr. xx“ oder zB „2er-Package“

Eenzelsëtzung

Wann Dir dës Erfarung léiwer aleng maacht, besteet d’Méiglechkeet fir eng 1:1 Sëtzung ze reservéieren. Eenzelsëtzung: Präis fir 1 Journey: 160€

Ären eegene Grupp zesummestellen

Dir wëllt mat enger Frëndin/engem Frënn, an der Koppel oder mat engem Grupp vu Leit eng Journey organiséieren, da mellt Iech wgl. per Email oder Telefon bei mir.

Viraussichtlech Datumer Juli

Méides, 1. Juli, 18:30
Mëttwoch, 3. Juli, 18:30
Mëttwoch, 10. Juli, 18:30
Samsden, 20. Juli, 10:00
Donneschdes, 25. Juli, 9:30

Verschenk eng Breathwork Session

Wëll Dir e besonnesche Kaddo maachen? Verschenkt eng Breathwork Sessioun mat 1:1 Begleedung am Wert vun 160€.

Kontaktéiert mech per Email oder Telefon fir weider Informatiounen.


Déi verschidden Journeys

  • Fir am Liewe weider ze kommen, musse mir och mol Saache kënne lass loossen. Réischt da gi mir fräi, fir weider ze kommen am Liewen. An genau dorëms geet et an dëser Journey: Sief fräi a fann zu denger Stäerkt an dengem Potenzial.

    - Du otems wärend ongeféier 45 Minutten
    - Mir benotzen hei eng speziell Otemtechniken déi bewosst ropreguléierend op de Nervesystem wierkt fir kënne méi déif Erfarungen ze erliewen.
    - No der Aktivéierung fënnt de Kierper zu déiwer Entspanung
    - Du verbënns Kierper a Geescht mateneen
    - Negativ Gefiller a Gedanken gi geléist

    Viraussetzungen:
    - Kierperlech a mental Gesondheet (Infoe iwwer konkret Konterindicatioune bei Interessen)

  • Wann Dir des Journey maacht, dann hutt Dir bewosst entscheed, eppes am Liewe wëllen ze änneren. Dat ka verbonne sinn mat Bezéiungen, mat enger Aarbecht, oder soss mat Liewensëmstänn. Et kann awer och eng Aart a Weis sinn, wéi mir eist d’Liewen liewen, déi einfach net méi passt.
    Hei ass d’Geleeënheet, op de Fong vun eis selwer ze goen, fir genau ze gesinn an ze fillen, wat am Liewen nach passt, a wat net méi passt.

    - Dir otemt wärend ongeféier 45 Minutten
    - Mir benotzen hei eng speziell Otemtechniken déi bewosst ropreguléierend op de Nervesystem wierkt fir kënne méi déif Erfarungen ze erliewen
    - No der Aktivéierung fënnt de Kierper zu déiwer Entspanung
    - Dir verbannt Kierper a Geescht mateneen
    - Negativ Gefiller a Gedanke gi geléist
    - Loosst Iech iwwerraschen, wat Äert déifsten ECH Iech seet

    Viraussetzungen:
    - Kierperlech a mental Gesondheet (Infoen iwwer konkret Konterindicatioune bei Interessen)

  • „Béiss op d’Zänn“, „Dat hues du falsch gemaach“, „Als Strof méchs du lo…“.
    Kenn Dir esou Aussoen? Dës Aussoen, ob se elo vun Elteren, Grousselteren, Léierpersonal oder anere Bezuchspersoune kommen, sinn oft déif an eis dran gespeichert. Et sinn Glawenssätz déi Angscht a Stress kënnen ausléisen. Dës Journey leet de Fokus drop, dës Glawensätz a Gefiller endlech opzeléisen.

    - Du otems wärend ongeféier 45 Minutten
    - Mir benotzen hei eng speziell Otemtechniken déi bewosst ropreguléierend op de Nervesystem wierkt fir kënne méi déif Erfarungen ze erliewen.
    - No der Aktivéierung fënnt de Kierper zu déiwer Entspanung
    - Du verbënns Kierper a Geescht mateneen
    - Negativ Gefiller a Gedanke gi geléist
    - Dat ass den éischte Schrëtt fir e Liewen a Fräiheet, Freed a voller Motivatioun ze liewen
    - Stress- am Burnout Präventioun

    Viraussetzungen:
    - Kierperlech a mental Gesondheet (Infoe iwwer konkret Konterindicatioune bei Interessen)

  • „Die Stille ist unendlich viel lauter als alles, was wir sagen können.“ – Meister Eckhart

    Des Journey ass eng schnell an effektiv Manéier fir däi ganze Nervesystem an den Ausgläich an d’Rou ze bréngen. Du kanns erliewen, wéi däin Otem dir hëlleft, ewech vum Stress vum Alldag ze kommen an duerch déi déif Rou an d’Kraaft ze kommen.
    Et ass Zäit déi's du fir dech hëls an se och als dat solls gesinn an notzen.

    - Stress an de Grëff kréien
    - Burnout Präventioun
    - Du otems während ongéféier 45 Minutten
    - Mir benotzen hei verschidden Otemtechniken déi ausbalancéierend a berouegend op de Nervesystem wierken.
    - Déng Gedanke berouegen sech
    - Du verbënns Kierper a Geescht madeneen
    - Gefiller vu Stress oder Angscht ginn berouegt.
    - Däi Kierper an däi Kapp erhuelen sech

    Viraussetzungen:
    - Kierperlech a mental Gesondheet (Infoe iwwer konkret Konterindicatioune bei Interessen)

  • Entdeck wéi Yoga, Breathwork a Meditatioun dech fir den Alldag stäerken
    Samsdes, den 11. Mee 2024 / Am Schapp vum Mamerhaff

    E Workshop mam 
Joyce Serres (Joy.Yoga) an
 Nicole Goetz (Coaching Nicole Goetz)

    Wat dech erwaard:
    * Welcome Tea
    * Eng Hatha Yoga Sessioun
    * Eng Breathwork Journey 
    * Eng geleeten Meditatioun 
    * Zäit fir Reflexioun an Integratioun

    Zil vun dësem Workshop:
    Et ass Zäit déng Resilienz weider ze stäerken.
    Gestäerkt si geet net iwwer de Wee vum “muerksen” a forcéieren.
    Gestäerkt si geet iwwer de Wee vu Rou a “Ganz bei sech sinn”.
    Den Alldag ass heiansto verréckt.
    Dowéint ass et esou wichteg, konkret Outilen ze hunn, déi dir hëllefen den Alldag mat Rou a Geloossenheet ze meeschteren.

    Falls du weder Yoga nach Breathwork, nach Meditatioun versicht hues, ass dat hei eng wonnerbar Geleeënheet ranzeschnupperen.
    Mä genausou profitéiers du vun dësem Moien, wann s du schonn e Pro bass an all dësen Disziplinnen.
    Du gëss wärend dräi Stronnen begleet a geleet a kanns dech ganz fale loossen an dech zu 100% just op dech konzentréieren.

    Informatiounen
    Am Schapp vum Mamerhaff 
(wäisst Gebai hannert dem roude Mamerhaff) 20, rue Henri Kirpach, L-8237 Mamer 
    Dauer: 9:15 - 12:30 / Praïss: 130€
    Umeldung: contact@coaching-nicolegoetz.lu

    Et si keng Virkenntnesser néideg, jiddereen ass wëllkomm

    Instagram: 
joy.yoga.lux. / coachingnicolegoetz

    Weider Detailer kriss du bei der Umeldung.hr

  • Des Journey ass speziell op Fraen ausgeriicht. Ze oft nach sinn d'Zweifel do op mir gutt sinn wéi mir sinn. Ze oft nach ass déi Angscht do, net gutt genuch ze sinn. Ze oft nach bremse mir eis selwer aus, well déi Stëmmen am Kapp sinn, déi eis arieden, mir dierfen net dat maachen, wat mir wierklech wëllen a kënne maachen.
    Déi Programme sëtzen déif, an déi Stëmme sinn oft nach ze haart. An dëser Journey, léis du dat op wat dech blockéiert an du fënns raus, zu wat dass du fäeg bass.

    - Du otems wärend ongeféier 45 Minutten
    - Mir benotzen hei eng speziell Otemtechniken déi bewosst ropreguléierend op de Nervesystem wierkt fir kënne méi déif Erfarungen ze erliewen.
    - No der Aktivéierung fënnt de Kierper zu déiwer Entspanung
    - Du verbënns Kierper a Geescht mateneen
    - Negativ Gefiller a Gedanke gi geléist

    Viraussetzungen: Kierperlech a mental Gesondheet (Infoen iwwer konkret Konterindicatioune bei Interessen)

Fotos: ©Jeannine Unsen

Feedback vu Clienten

Merci deenen déi hier Erfarung deelen

“Et war eng nei Erfarung fir mech, obwuel ech vill meditéieren an och oft Pranayama maachen. Ech war total dran an hu mech sécher gespuert. Et war magesch. Merci Nicole, Du hues mech wonnerbar guidéiert an ëmmer wann ech mech bëssi komesch gespuert hunn, huet Deng sécher a kloer Aart a Weis fir mech ze lenken, mech erëm op d‘Spuer bruecht dran ze bleiwen an dem Prozess ze vertrauen. Immens. Si ganz vill dankbar.”

Journey “Neistart fir Kierper a Geescht”

“Et kann een den Emotionen freien laaf losen, an geet een super guidéiert vum Nicole.”

“Eng wonnerbar an intensiv Erfahrung mat enger super Leedung.”

“Breathwork ass eppes wou een sech selwer eppes Guddes deet. Bei der Mme Goetz ass een do gutt opgehuewen, si mécht dat mat Gefill a professionell.”

“Daat waat mech am meeschten iwwerrascht huet, war eben dass ech wirklech ofgeschalt hun. An daat war fir mech (virdrunn) onméiglech. Merci Nicole fir den ganz interessante Breathwork wou ech konnt matmachen.”

“Eng emoleg an intensiv Erfahrung déi ech sou nech ni haat an déi och nach lang nowierkt.”

“Et war eng extrem intensiv Erfarung, déi ech esou net erwaart hätt an déi e positiivt Gefill hannerlooss huet.”

“Wenn man sich auf Breathwork einlässt, bekommt man eine nachhaltige Erfahrung, die auch noch danach zu spüren ist. Es hilft, loszulassen und Gefühle an die Oberfläche zu bringen, die man (bewusst oder unbewusst) unterdrückt hat. Ein sehr lösendes Gefühl!”