Das Leben bietet dir immer eine zweite Chance.
Ihr Name ist Morgen.
Unbekannt
Schéin, datt s du do bass.
Vläicht bass du hei, well dir am Moment einfach alles ze vill gëtt. Vläicht sichs du nei Kraaft, Orientéierung oder einfach eng Plaz, wou s du dech verstane fills. Da bass du hei genee richteg.
Ech weess, wéi et sech ufillt, ëmmer staark missten ze sinn, Verantwortung ze droen an dobäi sech selwer aus den Aen ze verléieren. Genee dofir begleeden ech haut Mënschen, déi sech méi Liichtegkeet, Kloerheet an ënnerlech Rou wënschen.
Du muss net komplett zesummebriechen, fir dir Hëllef dierfen zouzegestoen.
Mat systeemeschem Coaching, Breathwork an engem ganzheetleche Bléck op Stress, Burnout, Mental Load an Trauer begleeden ech dech dobäi, nees bei dir selwer unzekommen – mat méi Kloerheet, neier Kraaft an engem Liewen, dat sech erëm no dir ufillt
Mäi Wonsch ass,
datt s du dech hei verstane fills.
An datt s du spiers:
Du muss dëse Wee net eleng goen.
💛 Éierlech amplaz perfekt.
🌿 Mat Gefill amplaz Drock.
🤝 Zesummen amplaz eleng.
Rendez-vous huelen
Du kanns hei iwwer dëse Link ganz einfach en Zäitfënster fir dech iwwer Doctena buchen. Du hues d’Méiglechkeet e gratis Eischt Gespréich ze buchen, e Coaching Gespréich oder eng Breathwork Session am Grupp oder Individuell. Wann et fir dech méi einfach ass, kanns du mir awer och einfach en Email machen oder uruffen.
Bleif mat mir a Verbindung
Mat dëser Newsletter kriss du reegelméisseg Ablécker a meng Aarbecht an Inspiratioun ronderëm Coaching a Breathwork. Ech deelen mat dir déi nächst Datumer vu Gruppesëtzungen, Workshops an aneren Eventer, souwéi Impulser an Übungen, déi s du einfach an däin Alldag integréiere kanns.
D'Newsletter erschéngt an der Regel just eemol de Mount – kuerz, wäertvoll an ouni dech mat E-Maile ze iwwerschwemmen.
Feedback vu Clienten
Ich kann Frau Goetz nur wärmstens empfehlen. Sie ist professionel und sehr kompetent. Sie geht auf ihr Gegenüber ein, stellt nicht unbedingt die angenehmsten Fragen, dafür aber die richtigen. Sie initiert zur Eigenreflektion und Hinterfragung. Dies ermöglicht es, sich Schritt für Schritt dem angestrebten Ziel zu nähern. - Conny
„Kann Frau Goetz nur wärmstens weiterempfehlen!“ - Roger
Nicole Goetz est très à l’écoute du patient.
“Nicole est une personne très respectueuse, empathique et toujours à l'écoute. Les techniques de relaxation qu'elle partage peuvent facilement être appliquées à des situations de tension intérieure. Parfait pour tous les âges!”
Beruf kommt von "Berufung" - diese Frau ist auf der richtigen Stelle und macht einen grandiosen Job. Die Atmosphäre ist angenehm und ich fühle mich verstanden und "abgeholt" von Frau Goetz.
“Merciiii et deet mir immens gutt an d’Aarbecht mam Nicole weist mir e kloeren Wee op. Hihi a Merci och fir d‘Hausaufgaben! Empfehlen d‘Nicole onbedingt weider an kommen ëmmer erem gäeren dohin.” - Emilie